Lancement – Invitatioun

Lancement - CSV11.10.2014 09:00 – Hotel Légère zu Mënsbech

Org.: CSV

Mir invitéieren Iech häerzlech op de Lancement, mat Informatiounen a Formatiounen fir déi Responsabel an aktiv Memberen vun alle Parteistrukturen – Sektiounen, Bezierker an Ënnerorganisatiounen.

Rendez-vous ass e Samschdeg, den 11. Oktober 2014 vu 9.00 bis 12.00 Auer am Hotel Légère zu Mënsbech (11, Rue Gabriel Lippmann, Parc d’activité Syrdall, Autobunnssortie Mënsbech). Den Accueil ass vun 08:30 Auer un.

Diskutéiere wëlle mir iwwert d’Zesummenaarbecht zwëschen dem Generalsekretariat an de Parteistrukturen, d’Neimembercampagne, d’CSV-Akademie a weider kommend Aktivitéiten. An Aarbechtsgruppen gëtt et Informatiounen iwwert d‘Kommunikatioun an d‘Ëffentlechkeetsaarbecht um Niveau vun de Sektiounen, iwwert d’Parteifinanzéierungsgesetz an d’Rekrutéiere vu neie Memberen.

Mir bieden Iech, Iech w.e.g bis Donneschdes, de 9. Oktober am CSV-Generalsekretariat  22 57 311 / csv@csv.lu unzemellen.

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)