Gemengerot Käerjeng 05.10.2015

Am Cader vun Käerjeng goes Internet huet den Gemengerot an der Sitzung vum 05. Oktober des Projet gestëmmt. Et gëtt weider an den Stroossebau investéiert an dëst am Zentrum vun Uewerkäerjeng wou an der rue de l’église, rue de l’école, rue Klosebierg, rue du Moulin an rue de Schouweiler Réseaux nei gemaach ginn. (Käschtepunkt: 1.6 Mio €). Dësweideren ass och den Projet vun der rue des Prés zu Käerjeng gestëmmt ginn ( Käschtepunkt: 4,2 Mio €).
Betreffend Flüchtlingspolitik huet den Gemengerot eng Resolutioun gestëmmt wou Intentioun ënnerstrach gëtt zesummen mam Staat hir Responsabilitéit ze iwwerhuelen an en Terrain “Op Acker” zur Verfügung ze stellen vir hei 50 – 60 Flüchtlingen opzehuelen déi sech an der Phase 2 vun der Prozedur befannen, d.h. wou den Asyl Antrag leeft. Weider sollen och 5 Wunnengen an den nächsten Joeren vir Familljen vun dësem Statut reservéiert ginn vir beim Intégratiounsprozess ze hëllefen.
En weideren wichtegen Punkt um Ordre du jour war den Vote vum neien Organigramme vum techneschen Service wou an den nächsten Méint zousätzlech Personal engagéiert gëtt vir och an ‘t Zukunft en Service en héijer Qualitéit unzebidden an der ëmmer méi grousser Demande vun eiser Bierger aus der Gemeng Rechnung kennen ze droen. Des Décisioun baséiert sech op eng objektiv Analyse déi en Consultant Bureau an den leschten Méint am Optrag vum Schäfferot gemaach huet.

Résolutioun: Politique des réfugiés

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)