Sport an Kultur Projets Gemeng Käerjeng

An e puer Wochen ass et esou weit. Dann gi weider zwee wichteg Projet fäerdeg a kennen den eenzelne Veräiner zu Verfügung gestallt ginn. Et ass dëst déi nei Sportshal zu Lénger (Investissement vun 3.4 Millioune €) an dësweideren kennen dann och déi nei Vestiairë zu Kënzeg vum Fussball iwwerholl ginn (Investissement vun 3.3 Millioune €). Aweiung vun den neien Vestiaire vum Fussball ass den 15 November zu Kënzeg an déi vun der neier Sportshal Lénger ass den 22. November zu Lénger. Parallel zum Sport fänkt dann elo och de Projet vum neie Käerjenger Treff (Kulturzentrum) un, a mir soen der Hall Siebenbour elo Äddi. Des Majoritéit CSV – Déi Gréng – Bigk steet also weider vir eng kontinuéierlech Moderniséierung vun der Gemeng an setzt konsequent déi Projet em déi am Kader vun der Fusioun definéiert sinn ginn.IMG_6208 IMG_6205

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)