Gemeng Käerjeng – Info Chantier

ROUTE BARREE…..

Vun e Mëttwoch, 6. Abrëll bis e Freideg, 8. Abrëll gëtt den definitive Stroossebelag um Rond-Point Schack, an der rue de la Résistance, souwéi op der Kräizung vun der rue de Hautcharage mat der rue de la Résistance gemaach. Aus deem Grond kënnt et déi Deeg zu verschiddenen Behënnerungen am Verkéier:

– Mëttwoch, 6. Abrëll ab 10 Auer bis en Donneschdeg, 7. Abrëll géint 19 Auer: ROUTE BARREE vum Rond-Point Schack an der rue de la Résistance bis bei d’Kräizung mat der rue de Hautcharage. Et gëllt och e Parkverbuet an der rue de la Résistance. Déviatioune si groussräimeg gezeechent.

– Freideg, 8. Abrëll vu 7 bis 19 Auer: ROUTE BARREE vun der Kräizung rue de la Résistance mat der rue de Hautcharage bis bei d’rue de l’Eglise.

Dës Deeg ginn och verschidde Busarrêten net ugefuer (Avis’en hänken an den Haisercher).

Villmools Merci fir Äert Versteesdemech. Ab dem 9. Abrëll kann deemno d’rue de la Résistance nees normal befuer ginn.

IMG_1435 IMG_1436 IMG_1437 IMG_1438 IMG_1439

 

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)