Gemeng Käerjeng informéiert: Bëschfester am Bommertbësch

Well de Bommertbësch massiv vun der Eichenprozessionsspinner Plo betraff ass, kënnen an den nächste Wochen keng Bëschfester stattfannen. No Concertatioun mat de betraffene Veräiner hu mir folgendes festgehalen:

🌳 9. + 10.06.: Bëschfest U.N. Käerjeng’97 – Vétérans –> annuléiert

🌳16. + 17.06: Bëschfest Guiden a Scouten Käerjeng –> op den 18. + 19.08. verluecht

🌳 23.06. + 24.06.. : Bëschfest DT Hautcharage –> déplacéiert op d’Claus Cito Plaz zu Nidderkäerjeng

🌳 29.06. – 01.07. : HB Käerjeng Béiergaart –> déplacéiert op den Tennisterrain zu Nidderkäerjeng

An der Hoffnung dat et Enn Juni mat der Plo eriwwer ass.

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)