Wort 29.11.2017: Käerjenger Optimismus und ein Alters- und Flüchtlingsheim


Wort 29.11.2017: Käerjenger Optimismus und ein Alters- und Flüchtlingsheim


Den 27. November huet den Buergermeeschter Michel Wolter ënnert anerem folgend CSV gewielten Vertrieder vum Gemengerot vereedegt:
Schmitt Danielle – Hames Josy – Scholler Guy – Bruch Jean-Marie.

| Gemengewahlen 2017, Infos Gemeng Käerjeng, News CSV Käerjeng
Den 14.November gouf den neien Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng am Inneministère vereedegt:
(vu l. no r.) Richard Sturm, 3.Schäffe; Josée-Anne Siebenaler-Thill, 1.Schäffe; Dan Kersch, Inneminister ; Michel Wolter, Buergermeeschter; Frank Pirrotte, 2. Schäffe
Nodeems dass den Dënschden Owend CSV an déi Gréng zesummen den neien Koalitiounsaccord ënnerschriwwen hunn an dësen duerno vun den eenzelen Parteien approuvéiert ginn ass steet elo déi nei Koalitioun vun CSV – déi Gréng an der Gemeng Käerjeng. Buergermeeschter bleift den Michel Wolter (CSV) – 1. Schäffen ass Josée-Anne Siebenaler (déi Gréng)– 2. Schäffen gëtt den Frank Pirrotte (CSV) an 3. Schäffen ass den Richard Sturm (CSV). Des Koalitioun steet vir Kontinuitéit an wäert Gemeng Käerjeng weider moderniséieren an konsequent Projet déi definéiert goufen am Interessi vun allen Matbierger aus sämtlechen Uertschaften vun der Gemeng ëmsetzen.

CSV Käerjeng an déi Gréng Käerjeng hunn den Méinden Owend (09.10.2017) een “Accord de collaboration” ënnerschriwwe. De Buergermeeschter an 2 Schäffen gi vun der CSV gestallt, de Poste vum 1. Schäffen geet un déi Gréng. D’Detailer ginn an den nächsten Deeg finaliséiert vir dass duerno den Koalitiounsaccord kann ënnerschriwwe ginn an vun den eenzelen Parteien gutt geheescht kann ginn. Domadder féieren mir am Interessi vun de Bierger aus eiser Gemeng d’Koalitioun weider.
Kandidaten vun der CSV Käerjeng soen iech all villmools Merci vir äert Vertrauen – dëst Resultat wéisst dass mir déi richteg Decisiounen geholl hunn fir eis Gemeng Käerjeng kontinuéierlech no vir ze brengen an dëst och elo ant Zukunft weider kennen maachen.
E klengen Mëssel an eng grouss Opreegung:
Pirrotte Frank:
Richtegstellung zum fb post vum Yves Cruchten LASP Käerjeng – Als President vun der CSV Käerjeng wollt ech mech formell bei der LSAP Käerjeng entschellegen vir desen Messel – déi Leit déi vir eis Empechen gang sinn hunn net opgepasst – mir hunn dat elo geklärt an den Panneau / Affiche Yves Cruchten ass erem ok – ech hoffen dass domadden dei Malentendu geklärt ass vir all fb follower.Betreffend ProActif wollt ech opklären dass mir als CSV Käerjeng en Contract mat hinnen gemach hunn vir dei Arbescht ze machen déi och vun ons als CSV Kärjeng bezuelt get – Pirrotte Frank
Michel Wolter:
De Mueren huet dann effektiv eng Persoun vu ProActif (a net vun der CSV Käerjeng) op enger Plaz een Plakat falsch gepäscht. ProActif huet mat der CSV Käerjeng e Kontrakt fir d’Gestioun vun eise Plakater während der Wahlcompagne ze maachen. Dësst well mir e sozialen Betrib ënnerstëtze wellen deen sech em arbeschtslos Leit bekëmmert. Dëse Kontrakt huet näischt mat der Gemeng Käerjeng ze dinn. Esoubal mir iwwert FB doriwwer gewuer gi sinn,… ass dësen Plakat erof geholl ginn. Eisen President huet sech selbstverständlech och bei der LSAP fir dëse Mëssel entschellegt. An ech wéilt dëss Entschëllegung op deser Plaz och nach eng Kéier widderhuelen. Mir hunn och Direktioun vu Proactif dorop opmierksam gemaacht dass Leit déi fir sie schaffen héiflech solle sinn am Emgang mat aaneren Leit.
Entre nous, Yves Cruchten, dat doten hätt een och iwwer Telefon kënne klären, ouni doraus eng Staatsaffaire wëllen ze maachen. Mee Yves, wéi schreiws de esou richteg: “ech wees et ass Wahlkampf a jiddereen ass nervös”
100 % engagéiert fir d’Gemeng Käerjeng – Eise Spëtzekandidat Michel Wolter well och weiderhin nach esou munches an eiser Gemeng no dem 08. Oktober beweegen. Dofir ënnerstëtzt den 08. Oktober all Kandidaten vun der CSV – Lëscht 3.

CSV präsentéiert iech op den folgenden Seiten hir 10 Prioritéiten fir d’Gemeng Käerjeng:
















Fir op d’Informatioune vun der CSV-SektiounKäerjeng ze kommen, klickt op des Photo: