Gemeng Käerjeng – Demande d’allocation d’une prime d’encouragement aux élèves – année scolaire 2014-2015

Il est porté à la connaissance des élèves de l’enseignement post-primaire habitant la commune de Käerjeng, que le formulaire  concernant l’allocation de la prime d’encouragement ci-joint peut être remis au Service Enseignement de la commune (bureau 109 au 1er étage) jusqu’au 30 septembre 2015 au plus tard. Lien pour le download du formulaire sur le site internet : www.kaerjeng.lu

Konklusiounen vum Referendum vum 7. Juni 2015. D’Riede vu Claude Wiseler a Marc Spautz

Zwee Deeg nom Referendum vum 7. Juni 2015 war eng Debatt an der Chamber iwwert dee Referendum. D’CSV huet sech duerchgesat fir iwwerhaapt esou eng Debatt ze kréien. D’Presidente vu Partei a Fraktioun, de Marc Spautz an de Claude Wiseler hunn drop higewisen wat d’Regierung mat dësem Referendum ugeriicht huet : D’Land steet virun engem Koup Schierbelen, d’Gesellschaft ass gespléckt an d’Regierung weist all Verantwortung vu sech.
D’CSV wollt dee Referendum net an hat virausgesot, dass dat net gutt fir dat gutt Zesummeliewe wat mer kennen, wär. D’CSV hätt sech och eng Diskussioun am Virfeld gewënscht fir ze kucken ob een net awer een Accord fonnt hätt, zum Beispill iwwert eng Vereinfachung vum Nationalitéitegesetz. A wann ee schonn d’Leit freet, hätt een hinne kéinte méi wéi Jo oder Nee, mä richteg Alternative proposéieren.
D’CSV ass net um Chaos Schold, hëlleft awer beim Opraume vun de Schierbelen an huet dofir konkret Propose gemaach fir Auslänner a Jonken entgéint ze kommen. Weider Info op: https://csv.lu/2015/06/konklusiounen-vum-referendum-vum-7-juni-2015-driede-vu-claude-wiseler-a-marc-spautz/