CSV Hunnefest zu Kéinzeg

CSV Gemeng Käerjeng invitéiert iech all den Sonnden 08. September 2013 ab 11.30 Auer op hiert

HUNNEFEST zu Kéinzeg um Haff vun der Famill

Kirsch an der Laanggaass. Notéiert iech desen Datum.

Hunnefest 2013

Bréifwahl – Chamberwahlen 20.10.2013

Bréifwahl ufroen

Hutt Dir iwwer 75 Joer? Wunnt Dir am Ausland? Oder sidd Dir den 20. Oktober aus berufflechen

oder perséinleche Grënn verhënnert fir wielen ze goen?

Da mellt Iech elo fir d’Bréifwahl.

Wéi eng Konditioune muss ech erfëlle fir d’Bréifwahl kënnen unzefroen?

Fir d’Bréifwahl bei de Chamberwahle vum 20. Oktober 2013 sinn zougelooss:

  • Wieler, déi iwwer 75 Joer hunn

Kënne fir d’Bréifwahl zougelooss ginn:

  • Wieler, déi am Ausland wunnen
  • Wieler, déi um Wahldag aus berufflechen oder perséinleche Grënn net perséinlech an de Wahlbüro kënne goen.

Wéini kann ech d’Bréifwahl ufroen?

Dir kënnt Är Ufro fir d’Bréifwahl vum 12. August bis den 20. September eraschécken.

Wou kann ech meng Ufro maachen?

Är Ufro muss per Bréif un de Buergermeeschter- a Schäfferot vun där Gemeng geschéckt ginn,

wou Dir fir d’Wahlen ageschriwwe sidd. Dëst ass normalerweis Är Heemechtgemeng.

Fir Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, ass et déi Gemeng, wou se hei am Land fir d’Lescht hire Wunnsëtz haten.

Wann dëst net méiglech ass, kënnen se hir Ufro un déi Gemeng schécken, wou se gebuer gi sinn.

Wann och dëst net méiglech ass, kënnen se hir Ufro un d’Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg riichten.

Wéi muss ech meng Ufro maachen?

Am Bréif mussen drastoen:

  • Numm
  • Virnumm (Virnimm)
  • Gebuertsdatum
  • Gebuertsuert
  • Beruff
  • Wunnuert
  • Adress, un déi d’Wahlziedele solle geschéckt ginn
  • Begrënnung firwat, datt Dir d’Bréifwahl ufrot

Och musst Dir am Bréif “an Eides statt” erklären, datt Dir Äert Wahlrecht nom Artikel 52 vun der Constitutioun

respektiv nom Artikel 6 vum Wahlgesetz net verluer hutt.

Am Fall, wou Dir d’Bréifwahl ufrot, wëll Dir um Wahldag aus berufflechen oder perséinleche Grënn net kënnt an de Wahlbüro goen,

sollt Dir, wa méiglech, eng Preuve matschécken, déi weist, datt dir deen Dag effektiv verhënnert sidd

(een Attest vum Dokter, een Attest vun Ärem Patron oder vun Ärer Schoul / Universitéit, …). Schéckt Dir näischt mat,

musst Dir Är Begrënnung méi am Detail uginn.

Am Fall, wou Dir am Ausland wunnt, ass et noutwenneg, datt Dir eng Kopie vun Ärem Pass zesumme mam Bréif aschéckt.

De Pass muss nach gülteg sinn. Et brauch awer keng “copie certifiée conforme” ze sinn, mä eng einfach Kopie vum Pass geet duer.

Wéini kréien ech eng Äntwert?

De Buergermeeschter- a Schäfferot vun der Gemeng schéckt Iech Är Wahlziedele spéitstens fir de 30. September.

Sollt Är Ufro ofgeleent ginn, gitt Dir spéitstens de 25. September doriwwer informéiert.