Koalitiounsaccord

An enger extraordinairer Generalversammlung vum 26.10 hunn Memberen vun der CSV-Sektioun Gemeng Käerjeng den Accord ginn vir dei nei 3er Koalitioun vun dem BIGK – Bierger-Interessien Gemeng Kéinzig– der CSV an de Gréngen.
Buergermeeschter gëtt de Michel Wolter vun der CSV.
1. Schäffe gëtt d’Josée-Anne Siebenaler-Thill (Déi Gréng)
2. Schäffe gëtt de Jeannot Jeanpaul (BIGK)
3. Schäffe gëtt de Richard Sturm (CSV)
Desweideren ass den Koalitiounsaccord présentéeiert ginn deen och estemmeg vun der Versammlung ugeholl ginn ass.
Esou ass elo den Wé frei vir dass weider an den nächsten 6 Joer am Interessie vun den Bierger aus der neier Gemeng Käerjeng kann geschafft ginn. Nierwt den schons beim Fusiounsaccord définéierten 11 Projets soll weider drun geschafft ginn vir Liewensqualiteit vun den Awunner aus den verschiddenen Sektiounen vun der Gemeng ze verbesseren an den Volet vun der Ecologie wärd och een vun den neien Akzenter sinn vun der gemeinsamer Politk vun den kommenden Joeren.

Invitatioun Extraordinaire Generalversammlung

Invitatioun

Léif Parteifrëndin, Léiwe Parteifrënd,

CSV – Sektioun Gemeng Käerjeng/Kéinzeg invitéiert Iech ganz häerzlech op hir

Extraordinaire Generalversammlung

En Mëttwoch, den 26. OKTOBER 2011 um 19:30 Auer

Am Centre Sociétaire zu Lénger.

Dagesuerdnung :

1° Begreissung duerch den Sektiounspräsident Frank PIRROTTE

2° Bestätigung vun der neier Koalitioun duerch Versammlung

3° Présentatioun vun dem Koalitiounsaccord an der Postenverdeelung Michel WOLTER

4° Verschiddenes

Mir fréën eis op Är
Präsenz.

Fir den Comité,

Frank PIRROTTE

Präsident

Wahlversammlung den 04.10.2011 em 19.30 Auer zu Lenger am Centre Sociétaire

CSV Gemeng Käerjeng invitéiert semtlech interesséiert Bierger aus der Gemeng ob hier Wahlversammlung den 04.10.2011 em 19.30 Auer an den Centre Sociétaire zu Lenger. No engem Réckbléck ob déi gelëschten Arbescht an der vergaangener Legislaturperiode, gëtt och en Ausbléck gemaach ewéi dei nei Gemeng Käerjeng an’t Zukunft soll ausgesinn an wat vir nei Projeen réaliséiert sollen ginn, desweideren ginn och Kandidaten vir Wahlen vum 09. Oktober nach eng Kéier virgestallt.