CSV – Bëschfest 30.07 / 31.07.2011

CSV – CSJ Gemeng Käerjeng-Kéinzeg

Mir invitéieren Iech op eist

Bëschfest

Lëtzebuergerstrooss – Bommertbësch zu Käerjeng

Samschdes, den 30. Juli 2011

Wou mir vun 16.00 Auer un fir iech grillen

Geint 21.30 Auert as den Départ vun eisem traditionellen NUETSRALLYE

 Sonndes, den 31. Juli 2011 – Grillfest

Wou mir vun 11.00 Auer un den
Apéritif zervéieren, grillen, Fritten maachen, Zalotbuffet, Eisekuchen an Taart ubidden;

Béier vum Fass an all aner Gedrénks kill stoen hunn.

Mir organiseieren Sonndes geint 11.30 Auer vun der Kirch aus eng Navette
an den Bësch. Retour zereck bei’t Kirch geint 14.00 / 14.30 / 15.00 Auer

CSJ – Nuetsrallye 30.07.2011

CSJ Gemeng Käerjeng  –  NUETSRALLYE

Samschdes, den 30.07.2011

Hut dir Loscht op e flotten Nuets-Rallye duerch
d’Gemeng Käerjeng, da mellt iech weg un ënnert 691517631 (Schroeder Gabrielle)
oder ënnert 621 694 095 (Thill Rachel)

Hei schons e puer Detailler:

De Rassemblement
ass Samschdes owes, den 30.07.2011 um 20.30 Auer am Bommertbësch zu Käerjeng,
wou ët dann géint 21.30 Auer lassgeet.

De Circuit ass ongefeier 4 km lang. Ënnerwee waarden e puer
kniwweleg an interessant Froën a Spiller op Iech.

Vergiesst Äer Täschluucht nët!!

Et kënnen 3-6 Leit pro Grupp deelhuelen an d’Startgeld
as 5 € pro Kapp (Kanner ennert 16 Joer bezuelen 2,50 € pro Kapp)

Fir déijéineg, déi sech virum Départ nach wëlle
stäerken, steet Gedrénks a Gegrills um CSV/CSJ-Grillfest
zur Verfügung

D’Präis-Iwwerreechung fir d’Gewënner as Sonndes géint 11.30 Auer um Bëschfest beim Apéritif.

CSV op der Braderie zu Käerjeng

Den 2ten Juli hat CSV Käerjeng en Stand op der Braderie wou den ganzen
Dag Kandidaten vun der CSV den Awunner vun  der Gemeng Ried an Äntwert hunn ginn
op hier Froen an wou Leit konnten bei engem Concours “Kennt dir CSV Kandidaten
vun den Wahlen vum 09 Oktober” matmaachen.
Braderie war eng schéinen Erfolleg an et huet eis all vill Freet gemaach vir derbäi ze sinn.

Kandidaten virt Gemengewahlen Käerjeng / Kënzeg

Bei Gelegenheet vun enger extraordinärer Generalversammlung

hunn Memberen vun der CSV Sektioun Käerjeng

ewei Memberen vun der CSV Sektioun Kënzeg

der Fusioun vun den zwou Sektiounen zougestëmmt. Desweideren

goufen Kandidaten vun der CSV Sektioun Kënzeg virgestallt

an den Michel WOLTER als Spëtzenkandidat virt Gemengewahlen

vum 09 Oktober 2011 vun der Versammlung ugeholl.

Ausseruerdentlech Generalversammlung CSV

Ausseruerdentlech Generalversammlung vun den CSV Sektiounen Käerjeng a Kënzeg

Mëttwoch, de 27. Abrëll 2011 zu Lénger am Centre Sociétaire um 19.30 Auer

Ordre du jour:

Begreissung duerch d’CSV Bezierkspresidentin Sylvie Andrich-Duval

Virstellung vun de fënnef Kandidaten vu Kënzeg fir d’Gemengewahlen vum  9. Oktober 2011

Propositioun vun engem Spëtzenkandidat virt Wahlen
Fusioun vun den CSV Sektiounen Käerjeng a Kënzeg
Interventioun vum CSV Generalsekretär Marc Spautz
Schlusswuert vum Michel Wolter
Patt offréiert vun der CSV-Sektioun
D’Komiteeën vun der CSV Käerjeng an der CSV Kënzeg

Generalversammlung CSV Käerjeng – Jubilare an Kandidaten

Den 24.03.2011 war Generalversammlung vun der CSV Sektioun Käerjeng zu Lenger am Centre Sociétaire

Bei deser Gelegenheet sinn en Parti Memberen vir 25 – 30 – 40 – 50 Joer ausgezeechnet ginn.

Desweideren sinn och eis Kandidaten vir Gemengewahlen vum 09 Oktober 2011 virgestallt ginn

 

CSV – Generalversammlung

Den Comité vun der CSV Sektioun Käerjeng invitéiert all seng Memberen

ob seng Generalversammlung den 24.03.2011 em 20.00 Auer

am Centre Sociétaire zu Lenger.