CSV Kandidate soen Merci….

Kandidate vun der CSV Käerjeng soen iech all déi der an den leschten 3 Wochen eis Campagne – Vidéos Presentatioun fiert Gemengewahlen suivéiert hutt MERCI. Des Vidéos goufen insgesamt iwwert 90.000 gekuckt an sinn vun 66.000 Leit suivéiert ginn. Mir freeën eis wann dir eis Campagne och an den kommenden Wochen an Méint op eiser Facebook-Säit weider géift ënnerstëtzen respektiv ënnert kaerjeng.csv.lu.

Vakanzenjobs Gemeng Käerjeng

Och 2017 bidd d’Gemeng Käerjeng Schüler(-innen) a Studenten(-innen) nees Vakanzenjobs a verschiddene vu senge Servicer

während der Summervakanz un. Interessente kënnen hier Kandidatur bis de 14. Abrëll op der Gemeng ofginn.

 

Projet Park “Um Päsch”

Den Freiden 24.03.2017 huet den Gemengerot den neien Projet vum Parc “Um Päsch” zu Uewerkäerjeng gestëmmt. Op dëser schéiner zentraler Plaz plange mer eng grouss Spillplaz vir verschidden Alterskategorien, mat engem Mini-Stade (Stil Kéinzig), Fitnessparcours, Boulepisten, Wiss a Bänken an Spadséierwee. Eng Plaz wou Jonk an Aal sech kenne begéinen an domadder eng plus-value vir den Zentrum vun Uewerkäerjeng wäert ginn. Mat 15 Parkplazen direkt um Site wéi 50 Parkplazen op 150 m an eng Ubannung vun der Blummencité ass en einfachen Accès garantéiert. Käschtepunkt +/- 1,3 Mio €.

Gemeng Käerjeng ECO CENTER

Info – Gemeng Käerjeng: Viru kuerzem gouf den Ausbau vum ECO CENTER Käerjeng offiziell ageweit a Präsenz vun de Schäfferéit vu Käerjeng an Dippech. Gläichzäiteg krut den Alain Geiben, stellvertriedend fir d’ganz Equipe vum ECO CENTER d’Zertifikatioun “SuperDrecksKëscht fir Betriber” iwwerreecht.

Grondsteen – Précoce zu Kéinzeg

Den Donneschden 09. Mäerz war d’Setze vum Grondsteen vun der neier Kënzeger Spillschoul mat Précoce. Wéinst dem schlechte Wieder, ass déi kleng Feier an de Festsall verluecht ginn, wou d’Kanner aus dem Précoce an der Spillschoul de Gäscht e klengt Lidd gesongen hunn. No der Ried vum Buergermeeschter Michel Wolter gouf et den traditionnellen Éierewäin. Wann alles riicht leeft, dierften déi kleng Butzen ëm Ouschteren 2018 an hier nei Schoul eraplënneren, spéidstens awer fir d’Rentrée 2018/2019.