Gemeng Käerjeng Sozialwunnengen

De Schefferot huet de moien d’Prozedur lanceiert vum PAP vum Fonds de Logement zu Lénger fir 24 Sozialwunnengen ze bauen. Zesummen mat deenen 50 Wunnengen zu Uewerkäerjeng um aalen Fussballsterrain sinn domat net manner ewei 74 nei Sozialwunnengen an der Prozedur. Nach e bessen Gedold an da wäerte mer dess Projeten och öffentlech firstellen. Prioriteit hu jonk Leit aus eiser Gemeng.

Mat desen Projeten konkretiseiert sech eindrocksvoll dei sozial Vocatioun vun eiser Gemeng.

Fahrpaln Änderung RGTR / TICE / CFL

Ab dem Méindeg, 27. Februar 2017 trieden e ganze Koup Ännerungen um nationale Bus Réseau a Kraaft. D’Gemeng Käerjeng ass ganz besonnesch op der Linn 215 betraff. Ab dësem Datum fueren d’Busser vum 215 net méi op de Kierchbierg, mee hunn hir Endstatioun an hire Point de départ op der “Charly’s Gare – Quai 2″. Fir op de Kierchbierg ze kommen, muss een d'”Eurobusser” (städtesch Linnen 1, 7, 16 oder 18) benotzen, déi all 5  Minutten vum “Hamilius-Quai 1” fueren. Fir op de Lampertsbierg ze kommen, muss een d’Busser vun der Linn 2 oder 4 um “Hamilius – Quai 1” huelen oder op der “Charly’s Gare – Quai 1” d’Linn 3. Fir all séng Bierger beschtméiglech iwwert dës an aner Changementer am ëffentlech Transport ze informéieren, kritt all Stot aus der Gemeng Käerjeng an den nächsten Deeg déi nei Mobilitéitsbroschüren ausgedeelt.

Dës Changementer goufen am Transportministère virgeholl ouni Concertatioun mat der Gemeng Käerjeng.

Weider info: ennert mobiliteit.lu oder tice.lu

Uewerkäerjeng – Wat geschitt um Paesch ??

Michel Wolter: Zu Uewerkäerjeng si mer derbai um Paesch d’Schoul ofzerappen. De Preau an de Kiosk waren gefeierlech a bei der Schoul welle mer verhenneren dat se dem Vandalismus zum Affer fällt. Op deser scheiner zentraler Plaaz plange mer eng grouss Spillplaz mat engem Mini-Stade (Stil Kéinzig), Boulepisten, Wiss a Bänken. Eng Plaaz wou Jonk an Aal sech kenne begeinen. Dei fäerdeg Pläng gi geschwenn dem Gemengerot an den interesseierten Matbierger firgestallt. Et ass e Projet dee mir immens um Häerz lait❤