E puer Réflexiounen zum neien Budget vun 2017 – Gemeng Käerjeng

Budget 2017 – Gemeng Käerjeng:

No ronn 6 Woche Chantier am Zentrum vun Käerjeng kann ee sécher e positiven Bilan zéien. Zum engen well de Chantier gutt virugeet an zum aaneren well de Verkéier besser ewéi erwaart duerch den Zentrum leeft. De Méinden ass de Budget am Gemengerot mat 10 géint 6 Stëmmen ugeholl ginn. Et ass e Budget vun der weiderer konsequenter Moderniséierung vun eiser Gemeng. Spillschoul mat Précoce zu Kéinzig, Erneierung vum Zentrum a nei Spillplaz zu Uewerkäerjeng, Fäerdegstellung vum Zentrum a vum Treff zu Nidderkäerjeng sinn nëmmen e puer vun enger Hellewull vun Projeten fir dat nächst Joer. Eis LSAP hat net vill ze mellen. Net emol 10 Minutten huet hir Ried gedauert. Mat wéineg Kritik. Emsou mei iwwerrascht ware mir de Moien wei mer Tageblatt opgeschloen hunn. “Die ordentlichen Ausgaben steigen unkontrolliert, sagt Y. Cruchten.” Dofir hei d’Fakten:

Uerdentlech Ausgaben am Budget 2016: 34.114.038€

Uerdentlech Ausgaben am Budget 2017: 34.142.670€

Erheigung 2017-2016: 28.632€ oder 0,01 %.

Sou eppes ka nëmmen een behaapten deen de Budget net gelies huet. Ech iwwerloossen jidderengem sech seng Meenung ze maachen.

Michel Wolter

An der Gemengerotssitzung vum 05. Dezember 2016 ass den leschten Budget vun dëser Legislaturperiode mat den Stëmmen vun der CSV-Dei Greng- Bigk Majoritéit ugeholl ginn. Och dësen Budget ass gekennzeechent mat dem Ziel Konzept „Käerjeng 2020“ weider ëmzesetzen – an virun allem Gemeng Käerjeng weider ze moderniséieren an déi Projet déi am Kader vun der Fusioun definéiert sinn ginn konsequent no der finanzieller Situatioun vun der Gemeng ze realiséieren. 9 Projeen konnten am Joer 2016 ofgeschloss ginn, ënnert anerem déi 1 Phase vun der rue de la Résistance, Crèche zu Uewerkäerjeng, den 4ten Fussballterrain zu Käerjeng, Museksschoul, verschidden Feldweeër, Spillplaz zu Lenger vir nëmmen déi ze ernimmen. Am Laf vun 2017 gëtt weider un folgenden Projet geschafft: Rue de la résistance Phase 2, Stroossen am Zentrum vun Uewerkäerjeng, den Zentrum vun Kéinzeg, den Käerjenger Treff, Trottoir op Zaemer – Investissementer vun knapp 20 Milliounen €. Des weideren ass virgesinn den Chantier vun der rue de Prés unzefänken, wei rue de la Gare / Fingig zu Kéinzeg. An der Villa Bofferding kommen Studentewunnengen, op Uewerkäerjeng um Peeschert kennt eng nei modern Spillplaz.

All Projet déi vun dëser Majoritéit geplangt goufen, sinn finanziell ofgeséchert an mir kennen Enn 2017 dovunner ausgoen dass eis nach 20 Milliounen bleiwen vir och weider no 2017 an’t Zukunft vun eiser Gemeng ze investéieren. Knapps 1 Joer virun den Gemengewahlen kann ech nëmmen en positiven Bilan zeien iwwert dat wat dëst CSV-Dei Greng-Bigk Majoritéit alles realiséiert huet.

Käerjeng 2020 gouf konsequent duerchgesat an un dem neien Projet Käerjeng 2030 gëtt schonns intensiv geschafft. Mir hunn beim Ënn vun dëser Legislaturperiode em déi 75 Milliounen an’t Moderniséierung vun der Gemeng investéiert an dëst esou gutt an der aler Gemeng Bascharage ewéi awer och an der aler Gemeng Clemency. Ernimmen well ech awer och dass am Budget vir 2017 – 6 Milliounen verplangt sinn vir Kéinzeg an Fingig d.h. 33 % vum Gesamtvolume vun den Investissementer vun der ganzer Gemeng. Dir gesitt dass den Investitiounsprogramm zu Käerjeng och vir 2017 importent ass, dass Gemeng Käerjeng weider um Wee ass der heitiger an zukünfteger Demande vun senger Bierger aus der Gemeng Rechnung ze droen an den Koalitiounsprogramm esou wei déi Joren virdrun weider konsequent ëmzesetzen.

Pirrotte Frank

Presse: Wort 06.12.2016

Danielle Schmit triit zur CSV über …..

Niederkerschen. Die unabhängige Gemeinderätin Danielle Schmit wird der Gemeindepolitik erhalten bleiben. Dies indem sie zur CSV übertritt. Dies war gestern Nachmittag während der Käerjenger Gemeinderatssitzung zu erfahren. Vor fast genau einem Jahr, während der Budgetdebatten im Dezember 2015, hatte die damalige LSAP-Oppositionsvertreterin für das Budget der CSV-Déi Gréng- BIGK-Koalition gestimmt. Gleichzeitig war sie aus der LSAP ausgetreten und saß seitdem als unabhängige Rätin im Gemeinderat. Sie könne sich nicht mehr mit dem sozialen Geist identifizieren, den die LSAP vertrat, hatte sie damals erklärt und von einer „widersprüchlichen Politik“ gesprochen. Auf die weiteren Themen der Gemeinderatssitzung werden wir in einer späteren LW-Ausgabe zurückkommen. c.g.f./na