Aweiung vun den erneierte Stroossen rue de l’Eglise, rue des Prés, rue de la Poste a rue de l’Ecole

Den 25. September 2015 sinn no 22 Méint Bauzäit den Projet vun der Instandsetzung vun eisen Stroossen zu Käerjeng ronderëm Place Claus Cito, d.h. rue de l’Eglise, rue de l’Ecole, e Deel vun der rue des Prés an rue de la Poste ageweit ginn. Hei huet Gemeng eppes 2,0 Milliounen € investéiert. Dësen Projet dréit bedeitend zur Verschéinerung vun eisem Duerfkär vun Käerjeng bei an ass parallel gelaf mat dem Projet vun der Ëmgestaltung vun den Alentour vun der Kierch an vum Lycée LTPS wei och vun der Gemeng. Käerjeng huet elo ronderëm vun der Place Claus Cito en Zentrum deen sech weisen léisst an wou Leit sech sollen wuel fillen. En weideren Punkt aus dem Koalitiounsprogramm vun der CSV – déi Gréng – Bigk Majoritéit deen an dëser Legislaturperiode realiséiert ginn ass.IMG_6137 IMG_6138 IMG_6140 IMG_6141 IMG_6142 IMG_6143 IMG_6144 IMG_6145 IMG_6146 IMG_6147 IMG_6148 IMG_6169 IMG_6170 IMG_6171 IMG_6172 IMG_6173 IMG_6174 IMG_6175 IMG_6176

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)