Gemeng Käerjeng – Projet Fussballterrain
Den 07.03.2016 hunn Aarbechten vum 4 Fussballterrain zu Käerjeng um Dribbel ugefang. Käschtepunkt 1.3 Milliounen €. Wann alles no Plang ofleeft soll dësen Terrain vir Ufank Saison 2016-2017 fäerdeg gestallt sinn. Mat dësem Bau gëtt dann och den Projet Fussballterrain zu Käerjeng komplett wei geplangt vun der Gemeng Käerjeng realiséiert.
Presse Wort 05.03.2016 – Contournement Käerjeng
Gemeng Käerjeng invitéiert
De Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng invitéiert seng Bierger op d’Presentatioun vum Energiekonzept vun der Gemeng mat Viirstelle vum Solarkadaster an den neien Gemengesubsidien am Kader vum KlimaPakt e Mëttwoch, 23. Mäerz um 19.30 Auer an d’Hal 75 zu Nidderkäerjeng.
Invitatioun – Generalversammlung CSV Käerjeng
Gemeindekurzbericht vom 19.02.2016
Hei kënnt Dir den Sëtzungsbericht aus dem Gemengerot vum 19. Februar 2016 noliesen. Versioun op Däitsch oder op Franséisch.
Gemeng Käerjeng – Agenda Mäerz 2016
Presse: Wort 23.02.2016
Gemeinderat vom 19.02.2016 …..
Presse: Tageblatt 22.02.2016
Gemeinderat Käerjeng vom 19.02.2016….
Gemeng Käerjeng Formatiounen AED
D’Gemeng Käerjeng organiséiert insgesamt 6 Formatiounen iwwert d’richteg Benotzen vun den Defibrillatoren, déi zanter e puer Méint op verschiddene Plazen an eiser Gemeng opgestallt gi sinn. Ufank ass jeweils um 19 Auer.
14. Mäerz (L) um Käerjenger Dribbel
15. Mäerz (L) am Festsall zu Kënzeg
16. Mäerz (F) an der Sportshal zu Lénger
21. Mäerz (L) am Festsall zu Féngeg
22. Mäerz (F) um Käerjenger Dribbel
23. Mäerz (L) an der aler Schoul zu Uewerkäerjeng