Gemeng Käerjeng – Projet Fussballterrain

Den 07.03.2016 hunn Aarbechten vum 4 Fussballterrain zu Käerjeng um Dribbel ugefang. Käschtepunkt 1.3 Milliounen €. Wann alles no Plang ofleeft soll dësen Terrain vir Ufank Saison 2016-2017 fäerdeg gestallt sinn. Mat dësem Bau gëtt dann och den Projet Fussballterrain zu Käerjeng komplett wei geplangt vun der Gemeng Käerjeng realiséiert.

4523 Terrain UNK4

Gemeng Käerjeng invitéiert

De Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng invitéiert seng Bierger op d’Presentatioun vum Energiekonzept vun der Gemeng mat Viirstelle vum Solarkadaster an den neien Gemengesubsidien am Kader vum KlimaPakt e Mëttwoch, 23. Mäerz um 19.30 Auer an d’Hal 75 zu Nidderkäerjeng.

IMG_1241 IMG_1242

Gemeng Käerjeng Formatiounen AED

D’Gemeng Käerjeng organiséiert insgesamt 6 Formatiounen iwwert d’richteg Benotzen vun den Defibrillatoren, déi zanter e puer Méint op verschiddene Plazen an eiser Gemeng opgestallt gi sinn. Ufank ass jeweils um 19 Auer.
14. Mäerz (L) um Käerjenger Dribbel
15. Mäerz (L) am Festsall zu Kënzeg
16. Mäerz (F) an der Sportshal zu Lénger
21. Mäerz (L) am Festsall zu Féngeg
22. Mäerz (F) um Käerjenger Dribbel
23. Mäerz (L) an der aler Schoul zu Uewerkäerjeng

IMG_0921IMG_0920IMG_0919IMG_0922