INFO CSV Käerjeng: E klenger Mëssel

E klengen Mëssel an eng grouss Opreegung:

Pirrotte Frank:

Richtegstellung zum fb post vum Yves Cruchten LASP Käerjeng – Als President vun der CSV Käerjeng wollt ech mech formell bei der LSAP Käerjeng entschellegen vir desen Messel – déi Leit déi vir eis Empechen gang sinn hunn net opgepasst – mir hunn dat elo geklärt an den Panneau / Affiche Yves Cruchten ass erem ok – ech hoffen dass domadden dei Malentendu geklärt ass vir all fb follower.Betreffend ProActif wollt ech opklären dass mir als CSV Käerjeng en Contract mat hinnen gemach hunn vir dei Arbescht ze machen déi och vun ons als CSV Kärjeng bezuelt get – Pirrotte Frank

Michel Wolter:

De Mueren huet dann effektiv eng Persoun vu ProActif (a net vun der CSV Käerjeng) op enger Plaz een Plakat falsch gepäscht. ProActif huet mat der CSV Käerjeng e Kontrakt fir d’Gestioun vun eise Plakater während der Wahlcompagne ze maachen. Dësst well mir e sozialen Betrib ënnerstëtze wellen deen sech em arbeschtslos Leit bekëmmert. Dëse Kontrakt huet näischt mat der Gemeng Käerjeng ze dinn. Esoubal mir iwwert FB doriwwer gewuer gi sinn, ass dësen Plakat erof geholl ginn. Eisen President huet sech selbstverständlech och bei der LSAP fir dëse Mëssel entschellegt. An ech wéilt dëss Entschëllegung op deser Plaz och nach eng Kéier widderhuelen. Mir hunn och Direktioun vu Proactif dorop opmierksam gemaacht dass Leit déi fir sie schaffen héiflech solle sinn am Emgang mat aaneren Leit.
Entre nous, Yves Cruchten, dat doten hätt een och iwwer Telefon kënne klären, ouni doraus eng Staatsaffaire wëllen ze maachen. Mee Yves, wéi schreiws de esou richteg: “ech wees et ass Wahlkampf a jiddereen ass nervös”

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)