Den Comité vun der CSV Gemeng Käerjeng seet iech alleguerten Merci vir
den flotten Dag dee mir zesummen de Sonnden um Hunnefest verbruecht hunn.
Merci soen mir och dem Emmy an dem Erny vir déi 25 Joer Hunnesfest. Leider
war dëst déi leschte Kéier wou mer Frënn vun der CSV konnten hei begréissen.
Merci och allen CSV Kandidaten déi de Wee op Kéinzeg fonnt hunn vir mat eis e puer
gemittlech Stonnen ze verbréngen. Merci soe mir och allen Fräiwëllegem déi gehollef
hunn dass dat allerlescht Hunnefest wei ëmmer en vollen Erfolleg sollt ginn.