Gemeinderatsitzung vom 18.04.2016
CSV Op den Punkt – Abrëll 2016
Hei fannt dir CSV Publikatioun vum Op den Punkt Abrëll 2016.
Presse: Tageblatt 20.04.2016
Gemeinderatsitzung vom 18.04.2016 / Contournement
Invitatioun Gemeng Käerjeng – Contournement
Gemeng Käerjeng invitéiert op eng ëffentlech Presentatioun vum Contournement en Donneschdeg, 28. Abrëll um 19 Auer an der Hal 75 zu Nidderkäerjeng
Gemeng Käerjeng invitéiert op den Botz-Aktiounsdag den 23.04.2016
De Syndicat d’Initiative an d’Ëmweltkommissioun mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Käerjeng invitéieren op hieren Botz-Aktiounsdag, e Samschdeg, 23. Abrëll 2016 ab 9 Auer.
Treffpunkter sinn um Käerjenger Dribbel, beim Festsall zu Kéinzig a beim Festsall zu Féngig. Moies geet et lass mat engem Fairtrade-Kaffi an an der Mëttegstonn offréiert de Syndicat den Ierbsebulli. Umelle soll een sech um Telefon 500 552 314
Gemeng Käerjeng – Info Chantier
ROUTE BARREE…..
Vun e Mëttwoch, 6. Abrëll bis e Freideg, 8. Abrëll gëtt den definitive Stroossebelag um Rond-Point Schack, an der rue de la Résistance, souwéi op der Kräizung vun der rue de Hautcharage mat der rue de la Résistance gemaach. Aus deem Grond kënnt et déi Deeg zu verschiddenen Behënnerungen am Verkéier:
– Mëttwoch, 6. Abrëll ab 10 Auer bis en Donneschdeg, 7. Abrëll géint 19 Auer: ROUTE BARREE vum Rond-Point Schack an der rue de la Résistance bis bei d’Kräizung mat der rue de Hautcharage. Et gëllt och e Parkverbuet an der rue de la Résistance. Déviatioune si groussräimeg gezeechent.
– Freideg, 8. Abrëll vu 7 bis 19 Auer: ROUTE BARREE vun der Kräizung rue de la Résistance mat der rue de Hautcharage bis bei d’rue de l’Eglise.
Dës Deeg ginn och verschidde Busarrêten net ugefuer (Avis’en hänken an den Haisercher).
Villmools Merci fir Äert Versteesdemech. Ab dem 9. Abrëll kann deemno d’rue de la Résistance nees normal befuer ginn.
Gemeng Käerjeng – Käerjeng hëlleft asbl invitéiert:
2. Sensibilisatiounswochen ënnert dem Thema ” Liewen an Afrika”:
Gemeng Käerjeng …. Infos
Nouvelles modalités et entrée en vigeur des registres communaux des personnes physique: