CSV …. Mat mir – Maacht och Dir mat! Gitt Member!
D’CSV, dat sinn:
• 10300 Memberen
• 1400 engagéiert Leit an de Comitéë vu Partei an Ënnerorganisatiounen
• 299 Vertrieder an de Gemengen- a Schäfferéit
• 23 Deputéiert
• 3 Europadeputéiert
• 1 Member (Präsident) vun der EU-Kommissioun
An Dir ? Wëllt och Dir Iech an der CSV engagéieren? Da gitt elo Member!
Méi Informatiounen op: www.csv.lu
CSV Nei Memberen Dépliant
Gemeindebericht Sitzung vom 17.10.2014
Kurzbericht DE 17102014 / Résumé FR 17102014
CSV Profil 18. Oktober 2014
CSV Profil 11. Oktober 2014
CSV : Sehen – Urteilen – Handeln
Bei einer Pressekonferenz stellte die CSV am Donnerstag die neue
Migliederkampagne „CSV … MAT MIR“ sowie den internen Analyse- und
Reformprozess vor. Grundlage dieses Prozesses ist ein Bericht den Marc
Glesener und Marc Thewes aufgrund von Gesprächen mit Parteigremien,
Unterorganisationen und Mitgliedern verfassen werden. Parallel dazu wird
eine externe Studie über das Erscheinungsbild der Partei durchgeführt. „
Sehen – Urteilen – Handeln”: so lautet unser Leitmotiv, erklärte dazu
Parteichef Marc Spautz.
Nouveau Plan d’aménagement général (PAG) de la commune de Käerjeng – Informations
CSV Gemeng Käerjeng weist iech drop hinn dass dir um Site vun der Gemeng Käerjeng ennert www.kaerjeng.lu all Informatiounen fannt betreffend den neien PAG d.h. nouveau plan d’aménagement général vun der Gemeng Käerjeng. Bei Froen stinn iech eis Vertrieder vun der CSV am Gemengerot gären zur Verfügung.
Lancement – Invitatioun
Mir invitéieren Iech häerzlech op de Lancement, mat Informatiounen a Formatiounen fir déi Responsabel an aktiv Memberen vun alle Parteistrukturen – Sektiounen, Bezierker an Ënnerorganisatiounen.
Rendez-vous ass e Samschdeg, den 11. Oktober 2014 vu 9.00 bis 12.00 Auer am Hotel Légère zu Mënsbech (11, Rue Gabriel Lippmann, Parc d’activité Syrdall, Autobunnssortie Mënsbech). Den Accueil ass vun 08:30 Auer un.
Diskutéiere wëlle mir iwwert d’Zesummenaarbecht zwëschen dem Generalsekretariat an de Parteistrukturen, d’Neimembercampagne, d’CSV-Akademie a weider kommend Aktivitéiten. An Aarbechtsgruppen gëtt et Informatiounen iwwert d‘Kommunikatioun an d‘Ëffentlechkeetsaarbecht um Niveau vun de Sektiounen, iwwert d’Parteifinanzéierungsgesetz an d’Rekrutéiere vu neie Memberen.
Mir bieden Iech, Iech w.e.g bis Donneschdes, de 9. Oktober am CSV-Generalsekretariat 22 57 311 / csv@csv.lu unzemellen.