CSV …. Mat mir – Maacht och Dir mat! Gitt Member!

 

CSV mat mirD’CSV, dat sinn:
• 10300 Memberen
• 1400 engagéiert Leit an de Comitéë vu Partei an Ënnerorganisatiounen
• 299 Vertrieder an de Gemengen- a Schäfferéit
• 23 Deputéiert
• 3 Europadeputéiert
• 1 Member (Präsident) vun der EU-Kommissioun

An Dir ? Wëllt och Dir Iech an der CSV engagéieren? Da gitt elo Member!

Méi Informatiounen op: www.csv.lu

CSV Nei Memberen Dépliant

CSV : Sehen – Urteilen – Handeln

Presse CSV 09102014

Bei einer Pressekonferenz stellte die CSV am Donnerstag die neue
Migliederkampagne „CSV … MAT MIR“ sowie den internen Analyse- und
Reformprozess vor. Grundlage dieses Prozesses ist ein Bericht den Marc
Glesener und Marc Thewes aufgrund von Gesprächen mit Parteigremien,
Unterorganisationen und Mitgliedern verfassen werden. Parallel dazu wird
eine externe Studie über das Erscheinungsbild der Partei durchgeführt. „
Sehen – Urteilen – Handeln”: so lautet unser Leitmotiv, erklärte dazu
Parteichef Marc Spautz.

Lancement – Invitatioun

Lancement - CSV11.10.2014 09:00 – Hotel Légère zu Mënsbech

Org.: CSV

Mir invitéieren Iech häerzlech op de Lancement, mat Informatiounen a Formatiounen fir déi Responsabel an aktiv Memberen vun alle Parteistrukturen – Sektiounen, Bezierker an Ënnerorganisatiounen.

Rendez-vous ass e Samschdeg, den 11. Oktober 2014 vu 9.00 bis 12.00 Auer am Hotel Légère zu Mënsbech (11, Rue Gabriel Lippmann, Parc d’activité Syrdall, Autobunnssortie Mënsbech). Den Accueil ass vun 08:30 Auer un.

Diskutéiere wëlle mir iwwert d’Zesummenaarbecht zwëschen dem Generalsekretariat an de Parteistrukturen, d’Neimembercampagne, d’CSV-Akademie a weider kommend Aktivitéiten. An Aarbechtsgruppen gëtt et Informatiounen iwwert d‘Kommunikatioun an d‘Ëffentlechkeetsaarbecht um Niveau vun de Sektiounen, iwwert d’Parteifinanzéierungsgesetz an d’Rekrutéiere vu neie Memberen.

Mir bieden Iech, Iech w.e.g bis Donneschdes, de 9. Oktober am CSV-Generalsekretariat  22 57 311 / csv@csv.lu unzemellen.