Gemeng Käerjeng: Grouss Botz
D’Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Käerjeng invitéiert op hier GROUSS BOTZ
Invitatioun AG CSV Käerjeng
CSV Käerjeng invitéiert all seng Memberen op eis Generalversammlung den Dënschden de 6. Mäerz 2018 ëm 19.30 Auer
am Centre Sociétaire zu Lénger
Gemeng Käerjeng: rue de la Résistance – accès avenue de Luxembourg Bascharage
No 4 Joer Chantier ass ab 19. Dezember rue de la résistance zu Käerjeng erem komplett op vir den Verkéier, d.h. den accès vun an op Lëtzebuergerstrooss ass erem op. Et war e schwéieren Chantier mais desen huet missten sinn. De leschte Belag gett an der Ouschtervakanz 2018 geluecht. Bei der Gemeng Käerjeng huet dann elo och erem Prioritéit gewiesselt d.h. dass Autoen déi iwert rue de la résistance fueren erem Prioritéeit hunn par rapport vun der rue de l’eau an de rue de l’école.
Gemeng Käerjeng – Presse Wort 29.11.2017
Wort 29.11.2017: Käerjenger Optimismus und ein Alters- und Flüchtlingsheim
CSV Käerjeng – Vereedegung Gemengerot
Den 27. November huet den Buergermeeschter Michel Wolter ënnert anerem folgend CSV gewielten Vertrieder vum Gemengerot vereedegt:
Schmitt Danielle – Hames Josy – Scholler Guy – Bruch Jean-Marie.
Vereedegung – Schäfferot Gemeng Käerjeng
| Gemengewahlen 2017, Infos Gemeng Käerjeng, News CSV Käerjeng
Den 14.November gouf den neien Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng am Inneministère vereedegt:
(vu l. no r.) Richard Sturm, 3.Schäffe; Josée-Anne Siebenaler-Thill, 1.Schäffe; Dan Kersch, Inneminister ; Michel Wolter, Buergermeeschter; Frank Pirrotte, 2. Schäffe
Koalitiounsaccord ënnerschriwwen: CSV – Déi Gréng
Nodeems dass den Dënschden Owend CSV an déi Gréng zesummen den neien Koalitiounsaccord ënnerschriwwen hunn an dësen duerno vun den eenzelen Parteien approuvéiert ginn ass steet elo déi nei Koalitioun vun CSV – déi Gréng an der Gemeng Käerjeng. Buergermeeschter bleift den Michel Wolter (CSV) – 1. Schäffen ass Josée-Anne Siebenaler (déi Gréng)– 2. Schäffen gëtt den Frank Pirrotte (CSV) an 3. Schäffen ass den Richard Sturm (CSV). Des Koalitioun steet vir Kontinuitéit an wäert Gemeng Käerjeng weider moderniséieren an konsequent Projet déi definéiert goufen am Interessi vun allen Matbierger aus sämtlechen Uertschaften vun der Gemeng ëmsetzen.
CSV Käerjeng – déi Gréng – accord
CSV Käerjeng an déi Gréng Käerjeng hunn den Méinden Owend (09.10.2017) een “Accord de collaboration” ënnerschriwwe. De Buergermeeschter an 2 Schäffen gi vun der CSV gestallt, de Poste vum 1. Schäffen geet un déi Gréng. D’Detailer ginn an den nächsten Deeg finaliséiert vir dass duerno den Koalitiounsaccord kann ënnerschriwwe ginn an vun den eenzelen Parteien gutt geheescht kann ginn. Domadder féieren mir am Interessi vun de Bierger aus eiser Gemeng d’Koalitioun weider.
CSV Kandidaten soen MERCI
Kandidaten vun der CSV Käerjeng soen iech all villmools Merci vir äert Vertrauen – dëst Resultat wéisst dass mir déi richteg Decisiounen geholl hunn fir eis Gemeng Käerjeng kontinuéierlech no vir ze brengen an dëst och elo ant Zukunft weider kennen maachen.